WOOOW!!! LËTZEBUERG - D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees
Éditions Guy Binsfeld
24,00 €
Produktnummer:
9789995942915
Produktinformationen "WOOOW!!! LËTZEBUERG - D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees"
WOOOW!!! LËTZEBUERG – „D’Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees” ass en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vum Keong-A Song. Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg. Si tauchen an an d’Kultur an d’Geschicht vum Land, erfuersche seng faszinant Plazen a léieren seng Märercher a Bräich kennen. Och déi besonnesch Virwëtzeg kommen op hir Käschten: Op all Etapp vun der Rees erwaarde si interessant Anekdoten a Fakten. Mat vill Léift fir den Detail huet d’Illustratorin Keong-A Song dem Buch eng perséinlech Nout ginn an zu der maträissender Atmosphär bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d’Freed un der Lektür nach laang erhalen.
Produktart: | Buch gebunden |
---|---|
Produktform: | Hardcover |
Anmelden
Keine Bewertungen gefunden. Teilen Sie Ihre Erfahrungen mit anderen.